Op den Inhalt sprangen

Explorer 10

Vu Wikipedia
Explorer 10
De Fuerschungssatellit Explorer 10
TypFuerschungssatellit
Land USA
AgenturNASA
Apogeum180.999 km
Perigeum220 km
Bunnschréi33°
Mass79 kg
Bunn-Ëmlafzäit83,5 min
Exzentrizitéit0,89132
Start25. Mäerz 1961, 15:17 UTC
StartplazCape Canaveral Air Force Station LC 17
DrorakéitThor-Delta
Statusausser Betrib zanter 27. Mäerz 1961

Den Explorer 10 war e Satellit vun der US-amerikanescher Weltraumagentur NASA am Kader vum Explorer-Programm. Zil vun der Missioun waren Ënnersich vum Äerdmagnéitfeld a vun der solarer Korpuskularstralung. Den Explorer 10 gouf dofir op eng héichelliptesch Ëmlafbunn bruecht a war spinstabiliséiert.

D'Liewensdauer vum Satellit war wéinst der Stroumversuergung mat Batterien op nëmmen 52 Stonne virgesinn. Wärend der ganzer Missioun hat hien Donnéëe geschéckt. Déi lescht Informatioune goufen aus enger Distanz vun 42,3 Äerdradie gesent. Et war deen éischte Satellit deen d'Schockwell vun enger Sonneneruptioun moosse konnt.

Portal Astronomie