Giorgos Andrea Papandreou
| Giorgos Andrea Papandreou | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
16. Juni 1952 Saint Paul |
| Nationalitéit | Griicheland, USA |
| Educatioun |
Amherst College, London School of Economics, Harvard Universitéit, London School of Economics, Universitéit vu Stockholm |
| Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Soziolog |
| Partei | PASOK |
| Fonctioun | Premierminister vu Griicheland, President |
| Gielercher | Grand-croix vum Ordre de la Couronne, Grousskräiz vum Isabellauerden, Cavaliere di Gran Croce Ordine al Merito della Repubblica Italiana |
| Famill | |
| Papp | Andreas Papandreou |
| Mamm | Margaret Chant-Papandreou |
| Geschwëster | Sofia Papandreou, Emilia Nyblom, Andreas Papandreou, Níkos Papandréou |
|
| |
De Giorgos Andrea Papandreou (gr: Γιώργος Ανδρέα Παπανδρέου), gebuer de 16. Juni 1952 zu St. Paul, Minnesota, ass e griichesche Politiker.
Hie war vun 1985 bis 1987 Staatssekretär fir Kultur a vun 1988 bis 1989 Minister fir Educatioun a Kultus. Vun 1996 bis 1999 war hien Delegéierten Ausseminister a vun 1999 bis 2004 Ausseminister vu Griicheland. Zanter Februar 2004 ass e President vun der PASOK-Partei.
Am Oktober 2009 huet seng Partei virgezunnene Parlamentswale gewonnen, a sou huet de Papandreou de Kostas Karamanlis als Ministerpresident vu Griicheland ofgeléist a gouf zousätzlech Ausseminister. Am November 2011 ass e wéinst Protester géint seng Austeritéitspolitik, am Kader vun der Staatsscholde-Kris, zeréckgetrueden.
De Papandreou ass den Enkel vum Georgios Papandreou an de Jong vum Andreas Papandreou, déi allebéid e puermol un der Spëtzt vun der griichescher Regierung waren.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Giorgos Andrea Papandreou – Biller, Videoen oder Audiodateien |
