Givonne

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der franséischer Gemeng Givonne. Fir d'Baach mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Givonne (Baach).
Givonne
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Ardennes
Arrondissement Sedan
Kanton Sedan-2
Postcode 08200
Gemengecode 08191
Koordinaten 49° 43’ 16’’ N
      04° 59’ 20’’ O
Fläch  1.404 ha
Bevëlkerung  2.124 (2006)

Givonne ass eng franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Grand Est, am Dall vun der Givonne.

Vu 1560 bis 1642 huet Givonne zum Fürstentum Sedan gehéiert.

Zu Givonne gouf ëm 1777 dat éischt Walzwierk aus Frankräich opgeriicht.

Vun 1910 un war d'Uertschaft iwwer d'Eisebunnsstreck Sedan-Corbion un de Schinneverkéier ugeschloss. 1932 gouf déi Streck zougemaach.

Am Éischte Weltkrich gouf d'Uertschaft zu engem groussen Deel zerstéiert.

Gemengenhaus vu Givonne

Kuckt och[Quelltext änneren]