Gjilan
| Gjilan | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Kosovo |
| Fläch | 515 km² |
| Héicht | 508 m |
| Koordinaten | 42°28'N, 21°28'O |
| Postcode | 60010 |
| Websäit | http://kk.rks-gov.net/gjilan |
|
| |
|
| |
Gjilan (op Albanesch: Gjilan oder Gjilani, op Serbesch: Gnjilane oder Гњилане) ass eng Gemeng am Oste vum Kosovo. Si besteet aus der Stad mam selwechten Numm an 42 klengen Dierfer.
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]Der Vollekszielung 2011 no sinn d'grouss Majoritéit vun der Bevëlkerung ethnesch Albaner (97%), virun den Tierken an de Serben. Dowéinst sinn d'offiziell Sproochen an der Gemeng Albanesch, Serbesch an Tierkesch.[1]
Virum Krich am Joer 1999 hunn an der Gemeng ronn 25.000 kosovaresch Serben a 6.000 kosovaresch Roma gelieft. Obwuel an de leschten zéng Joer e puer vun hinnen zeréckkomm sinn, ass d'Majoritéit deplacéiert bliwwen.[1]
| Awunner | Zuel | Prozent |
|---|---|---|
| Albaner | 87.814 | 97,37% |
| Tierken | 978 | 1,08% |
| Serben | 624 | 0,69% |
| Roma | 361 | 0,40% |
| Bosnier | 121 | 0,13% |
| Gorani | 69 | 0,07% |
| Ashkali | 15 | 0,01% |
| Egypter | 1 | / |
| Anerer | 95 | 0,10% |
| Net spezifiéiert | 100 | 0,11% |
Economie
[änneren | Quelltext änneren]Bis an d'1999 war Gjilan e wichtegen Industriezentrum mat enger Rei profitabel Fabricken, vun deenen ënner anerem d'Tubaks- an d'Heizkierperfabricken iwwerlieft hunn.
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]-
Ruin vun enger Buerg zu Pogragjës bei Gjilan
-
D'Staumauer vum Livoq-Séi
-
Eng Strooss am Stadzentrum vun Gjilan
-
D'Museksschoul
-
D'Kierch vum hellegen Nicolas am Stadzentrum
-
E Wunnblock aus jugoslaweschen Zäiten
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gjilan – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 Presentatioun vun der Gemeng um Site vun der OSCE (gekuckt den 19. Juli 2017)
