Globulen

Vu Wikipedia
Globule am H-II-Gebitt IC 2944 opgeholl mat der Wide Field and Planetary Camera 2 vum Hubble-Weltraumteleskop.

Globule sinn an der Astronomie raimlech enk begrenzte Stëbs- a Gaswolleken, déi meeschtens a Stäregebuertsgebidder ze fanne sinn. Globule weise sech als donkel Flecke virum Hannergrond vun engem Emissiounsniwwel oder virum Hannergrond vu Stären. Si goufe vum Bart Bok 1947 als ee Fréistadium vun der Stäregenesis virgeschloen a gi geleeëntlech och no him als Bok-Globulen bezeechent. Héichopléisend Observatiounen, zum Beispill duerch den Hubble-Weltraumteleskop ënnermaueren déi Meenung. Am Globulkär verdichte sech eenzele Beräicher ëmmer weider, bis si genuch Mass fir eng Kärfusioun ugesammelt hunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bok globule – Biller, Videoen oder Audiodateien