Castelló

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Godié)
Castelló
Gebuertsnumm Diego Castello
Pseudonym Godié, Castelló
Gebuer 25. Januar 1985
Buenos Aires
Aktivitéit Schauspiller, Rapper

De Castelló, gebuer de 25. Januar 1985 als Diego Castello[1][2] zu Buenos Aires, ass e franséischsproochege Rapper a Schauspiller, deen haaptsächlech zu Lëtzebuerg aktiv ass. Hie war Member vun A.L.S. an den Allella Boyz. Bis Oktober 2018 war hien ënner dem Pseudonym Godié bekannt.[3]

Hien huet am Alter vu 17 Joer mat Rappen ugefangen an 2013 säin éischten Titel opgeholl.[2] Hie mécht Rap-Battlen, zënter datt hie 26 ass.[2]

2008 huet hien als Godié mam italieeneschsproochege Rapper Cico d'Allella Boyz gegrënnt, déi och en Album verëffentlecht hunn. Am selwechte Joer ass säi Soloalbum La vérité est ailleurs erauskomm. No der EP 2012 an dem Kollaboratiounsalbum N22 mam Swinx huet hien 2017 den Album NUBE verëffentlecht.

D'Joer drop ass hien als Castelló erëmkomm. Am Oktober 2018 huet hien den Album Dernière fantaisie erausbruecht, mat den dräi Singelen Guest List, Mi amor an Déconnecté. Den Album gouf bis Mäerz 2019 eleng op Spotify iwwer 100.000 Mol gestreamt.[3] Hie war am selwechte Mount och den Opener fir de franséische Rapper Orelsan an der Rockhal mat engem Public vu 6.000 Leit.[3]

De Godié huet 2012 eng Haaptroll am Adolf El Assal sengem Film Les fameux gars gespillt.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: Godié - La vérité est ailleurs (Album)
  • 2012: Godié - 2012 (EP)
  • 2016: Godié & Swinx - N22 (Album)
  • 2017: Godié - NUBE (Album)
  • 2018: Castelló - Dernière Fantaisie (Album)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Profil op Copains d'avant
  2. 2,0 2,1 2,2 Bold (online): Godié, a.k.a le père de c'gars là (22. Juni 2015)
  3. 3,0 3,1 3,2 lessentiel.lu: «Mon évolution artistique a suivi celle du rap» (1. Mäerz 2019)