Great Scott (Moundgestengs)
Ausgesinn

De Great Scott, oder wëssenschaftlech och Lunar Sample 15555 genannt, ass e Moundgestengs aus Basalt, dat wärend der Apollo-15 Missioun entdeckt gouf an op d'Äerd matbruecht gouf. Et gouf no sengem Entdecker, dem Astronaut David Scott genannt.[1] De Moundstee war éier en opgespléckt gouf, mat 9,614 Kilogramm de schwéierste vun alle Steng déi vun Apollo-15 mat op d'Äerd bruecht goufen. No Informatioune vun der NASA hat sech de Stee viru ronn 3,3 Milliarde Joer kristalliséiert.[2]

Cheemesch Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]De Great Scott gouf op d'mannst vu véier verschiddene Wëssenschaftler op seng cheemesch Zesummensetzung iwwerpréift.
| Gestengsaart | Longhi et al. (1972) | McGee et al. (1977) | Heurer et al. (1972) | Nord et al. (1973) |
|---|---|---|---|---|
| Olivin | 12.1 | 5-12 | 20 | 20 |
| Pyroxene | 52.4 | 52-65 | 40 | 40 |
| Plagioklase | 30.4 | 25-30 | 35 | 35 |
| Opaque | 2.7 | 5 | 0 | 0 |
| Mesostasis | 2.3 | 0.2-0.4 | 5 | 5 |
| Silica | 0 | 0.3-2 | 0 | 0 |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Analyse von Great Scott, offizielles NASA-Dokument nasa.gov, gekuckt den 3. Februar 2019
- ↑ Lunar Sample Atlas lpi.usra.edi, gekuckt den 3. Februar 2019