Grondstéck

Vu Wikipedia

E Grondstéck oder Parzell ass eng raimlech begrenzt Fläch op der Äerduewerfläch, déi enger Persoun oder Organisatioun gehéiert. D'Dimensioune vun engem Grondstéck ginn am Grondbuch vum Kadaster festgehalen, an um Terrain duerch Maarke materialiséiert.

Dacks gëtt och de globalen Ausdrock Terrain gebraucht, besonnesch an der Baubranche an am Sport (Foussballsterrain, Tennisterrain a.s.w.), deen awer net ëmmer identesch mat engem Grondstéck ass.