Grouf vun Naica
D'Grouf vun Naica (Mina de Naica) ass eng Äerzgrouf bei der Stad Naica, an der Gemeng Saucillo, am mexikanesche Bundesstaat Chihuahua, an där d'Firma Peñoles Bläi, Zénk a Sëlwer ofbaut.
Si ass virun allem bekannt wéinst natierlechen Hielen, déi beim Ofbau entdeckt goufen, an deene riseg Selenit-Kristaller sinn. Déi gréisst bis ewell entdeckten Hiel ass d'Cueva de los Cristales, an 290 Meter Déift (2000 entdeckt), wou Kristalle vu bis zu 14 m laang, 2 m Duerchméisser a 50 Tonne Gewiicht fonnt goufen, déi domat déi gréisst Kristalle sinn, déi jee op der Äerd fonnt goufen.[1] Si si warscheilech 100.000 bis 1.000.000 Joer al.[2]
D'Selenit-Kristaller sinn duerch hydrothermal Flëssegkeeten entstanen, déi aus der Magmakummer ënnendrënner ausgetruede sinn.
Méi kleng Hiele sinn d'Cueva de las espadas ("Hiel vun de Schwäerter"), déi schonn 1910 entdeckt gouf, mat Kristaller vun "nëmmen" engem Meter Héicht, d'Cueva el ojo de la reina ("D'A vun der Kinnigin"), an d'Cueva de las velas ("Hiel vun de Käerzen"), allen dräi an enger Déift vu ronn 300 m.
Wéinst der héijer Temperatur (bal 60 Grad Celsius) a Loftfiichtegkeet (90-99%) si se net ouni Spezialequipement zougänglech. 2006 bis 2009 hu Fuerscher &aus 6 Länner, Speleologen, Geochemiker, Kristallographen, Mikrobiologen, Pollefuerscher an Immunologen probéiert, erauszefannen, ënner wat fir Konditiounen déi riseg Kristaller entstoe konnten. Zënter 2009 sinn d'Hielen aus Sécherheetsgrënn ganz gespaart.[3]
Peñoles huet am Oktober 2015 ugekënnegt, d'Grouf zouzemaachen. Wann d'Grondwaasser net méi ewechgepompelt gëtt, sinn d'Hielen net méi zougänglech.
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]Kristaller aus der Grouf vun Naica
-
Selenit-Kristaller
-
Sphaleritte mat Galenit (4.7x3.6x2.6 cm)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Naica Mine – Biller, Videoen oder Audiodateien |