Groupe LGS Luxembourg - Saint Alphonse

Vu Wikipedia

De Groupe Saint-Alphonse (op Portugisesch Agrupamento de Escuteiros de Santo Afonso) ass e Scoutsgrupp vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten. D'Grupp huet hiren Numm vun der Kierch Saint-Alphonse (Paterkierch) an der Stad Lëtzebuerg, wou se hire Sëtz huet.

Et ass déi eenzeg Scoutsgrupp a portugisescher Sprooch zu Lëtzebuerg. D'Memberen hunn hir Originnen a Portugal, um Kap Verde an a Brasilien.

Andeelung[änneren | Quelltext änneren]

De Groupe Saint Alphonse Luxembourg besteet aus véier Ënnergruppen:

  • dem Rudel (op Portugisesch Alcateia); d'Membere gi Wëllëffcher (Lobitos) genannt: Jongen a Meedercher tëscht 7 an 11 Joer;
  • dem Grupp Expeditioun (Expedição); d'Membere sinn d'Av-Ex (Exploradores): Jonker vun 11 bis 14 Joer;
  • dem Grupp Communautéit (Comunidade); si gi Cara-Pio (Pioneiros) genannt: Jonker vu 14 bis 18 Joer;
  • dem Grupp Clan (Clã); d'Memberen heeschen Ra-Ro (Caminheiros): jonk Erwuessener vun 18 bis 22 Joer.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]