Guillaume Bodinier

Vu Wikipedia
Guillaume Bodinier
Gebuer 9. Februar 1795
Angers
Gestuerwen 24. August 1872
Angers
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Moler

De Guillaume Bodinier, gebuer den 9. Februar 1795 zu Angers, an och do gestuerwen de 25. August 1872, war e franséische Moler.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Guillaume Bodinier huet Droit studéiert a Konschtcoursë geholl, ier en 1817 op d'École royale des beaux-arts zu Paräis goung. 1822 ass hie sengem Professer Pierre-Narcisse Guérin op Roum gefollegt, deen do Direkter vun der Académie de France gouf.

Hien ass fënnef Joer laang an Italie bliwwen, wou en ë. a. mam Camille Corot doruechter gereest ass, fir Genre- a Landschaftsbiller ze molen.

Hie goung hannescht op Paräis an huet 1827 um Salon de peinture et de sculpture ausgestallt, wou en d'Éischt-Klass-Medail fir säi Wierk La Demande en mariage gewonnen huet. Dat Joer drop ass säi Papp gestuerwen, a seng Ierfschaft huet him erméiglecht, weider an Italien doruechter ze reesen, grad wéi och säi Brudder Victor.

1841 goung de Bodinier hannescht a seng Gebuertsstad Angers, wou e seng Kusin Françoise Perrine Lecomte bestuet huet. 1847 gouf en Éierendirekter vum Konschtmusée vun Angers, a gouf 1849 zum Chevalier de la Légion d'honneur ernannt.

1867 huet en der Stad Anger den Hôtel Pincé geschenkt fir dodran d'Sammlung vum Lancelot Théodore Turpin de Crissé ausstellen ze kënnen. 1868 huet hie sech, nodeems e Wittmann gi war, eng zweet Kéier bestuet, mat der Flore Sophie Vasseur.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Partick Le Nouëne, Guillaume Bodinier, Paysages d'Italie 1823-1826, Musée des beaux-arts d'Angers, 70.p.
  • Patrizia Rosazza-Ferraris, Vincent Pomarède, Patrick Le Nouëne, Guillaume Bodinier, un peintre angevin en Italie, catalogue de l'exposition du Musée des beaux-arts d'Angers du 27 mai au 18 septembre 2011, éditions Expressions contemporaines, 2011, 320.p, ISBN 9782909166247.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Guillaume Bodinier – Biller, Videoen oder Audiodateien