Op den Inhalt sprangen

Guy Binsfeld

Vu Wikipedia
Guy Binsfeld
Gebuer 1. Dezember 1936
Lëtzebuerg
Gestuerwen 19. Mäerz 2014
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist

De Guy Binsfeld, gebuer den 1. Dezember 1936 zu Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 19. Mäerz 2014[1], war e Lëtzebuerger Editeur a Journalist.

Vun 1960 bis 1964 war hie Journalist beim Lëtzebuerger Journal. Duerno huet hien zesumme mam Léo Reuter Interpublicité (haut: Interpub) gegrënnt, eng vun den éischte Publicitéitsangencen zu Lëtzebuerg. 1976 huet hie fir zwee Joer e Congé sans solde geholl, fir d'weltwäit Kampagne vun Amnesty International ze leeden. 1979 war hie Grënner vun den Éditions Guy Binsfeld a vun der Kommunikatiounsagence Idées et Actions, déi 1989 a Binsfeld Conseils ëmgenannt gouf.[2]

Dat éischt Buch vu sengem neie Verlag, e Fotoband iwwer Lëtzebuerg, war e gellege Succès: Am ganze 50.000 Exemplairë goufen dovu verkaf. Och den ephemere Lëtzebuerger Almanach koum a sengem Verlag eraus.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Verleger Guy Binsfeld gestorben." wort.lu, 19.03.14 18:17.
  2. 2,0 2,1 "Guy Binsfeld est décédé." paperjam.lu, 19.03.2014 18:34.