Hänkbrécken a Schréiseelbrécken

Vu Wikipedia
Gangkou-Bréck

Eng Hänkbréck ass eng Bréck där hiren Tablier u Pottoen hänkt déi iwwer den Tablier eraustinn an iwwer déi meeschtens een oder zwéin Haaptkabelen (Drokabelen) gespaant sinn. Un dësen Drokabelen hänken da Verbindungskabelen déi och um Tablier festgemaach sinn an deen doduerch droen. Grouss Hänkbrécke sinn d'Golden Gate Bridge, Akashi-Kaikyō-Bréck, Firth-of-Forth-Stroossebréck an Tacoma Narrows Bridge. Eng vun den eelsten Hänkbrécken ass d'Brooklyn Bréck.

Eng aner Versioun vun Hänkbrécke sinn déi sougenannt Schréiseelbrécken. Déi hu keen Haaptdrokabel, mä d'Kabelen déi den Tablier droen, sinn direkt vun der Spëtz vum Pylone deen Bréck dréit mat dem Tablier verbonn.

Hei ginn dräi Formen ënnerscheet:

  • Harfeform: d'Drokabele lafe parallel
  • Bëschelform: d'Drokabele lafen zum Pylone zou spatz zesummen
  • Gemëschte Form: eng Parti vun den Drokabelen ass an Harfeform an déi zweet a Bëschelform.

Grouss Brécken an där Bauweis sinn de Pont de Normandie an de Viaduc de Millau.

Schréiseelbrécke kënnen duerch hir konstruktiounsbedingt Mechanik keng sou grouss Wäiten iwwerspane wéi Hänkbrécken.