Héil

Vu Wikipedia
En dräifachen Héil mat Dréimechanissem an der Kiche vun der Veiner Buerg

En Héil ass eng metallen Zännstaang mat engem Krop, deem seng Héicht sech verstelle léisst. Dee Mechanissem erlaabt et, an enger Kichen iwwer oppenem Feier een oder méi Kesselen ze hänke fir ze kachen oder waarm Waasser prett ze hunn.

Haut ass den Héil virun allem an der Ëmgankssprooch bekannt an Ausdréck wéi

  • "den Héil ophänken"
  • "dat kanns de hanner den Héil schreiwen"; am Sënn vun: "dat kannst de vergiessen"
  • "schwaarz wéi en Héil"

Anere Gebrauch vum Wuert[änneren | Quelltext änneren]

"Héil" gouf och gebraucht fir de Leetnol a fir d'Stellwierk un engem Plou.

An der Heraldik[änneren | Quelltext änneren]

Héile sinn, besonnesch an Däitschland, op munneche Wope vu Gemengen ze gesinn.

De Gemengewope vun Hörden am Harz