Op den Inhalt sprangen

Huncherenger Millen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hëncherenger Millen)
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Huncherenger Millen
Land Lëtzebuerg
Gemeng Beetebuerg
Plaz Hunchereng
Koordinaten 49° 30’ 54.4’’ N
      06° 04’ 02.4’’ O
d'Weekräiz

D'Huncherenger Millen ass eng Millen zu Hunchereng, déi mam Waasser vun der Uelzecht gedriwwe gouf.

Op der Huncherenger Mille lafe gläich zwou Baachen an d'Uelzecht, vu riets, eng honnert Meter virun der Millen, d'Keelbaach a gläich ënner der Millen, nieft dem Alaf vum Millekanal, kënnt d'Mierbech vu lénks.

Bis uganks der 1990er Jore war se nach e Betrib, och wann zum Schluss net méi dra gemuel gouf, mä just nach Käre gebrach. Haut ass de bannenzege Mechanismus futti an eng Reparatur rentéiert sech net méi onbedingt.

D'Hëncherenger Millen, zesumme mat hirem Wier an engerm Weekräiz, ass zanter dem 4. Februar 2022 als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).