HH2 (Herbig-Haro-Objet)

Vu Wikipedia
lénks HH1 a riets HH2. Dertëscht ass ee net siichtbare Protostär.

Den HH2 ass e Protostellaren Jet an ass als Herbig-Haro-Objet katalogiséiert. Well den Objet en Deel vum Orionniwwel ass, gëtt en och als M42-HH2 bezeechent. Als Herbig Haro Objet gouf den Jet vun engem Team ëm de Cantó am Joer 1980 identifizéiert. 1988 goufen zwéi Kniet fonnt. Weider goufen am Objet 2003 Schocken identifizéiert, déi Vitesse vun 20 km/s bis 180 km/s hunn. Den HH2 ass nëmmen ee Liichtjoer vum Herbig-Haro Objet HH1 ewech. Am Ganze läit den HH2 op enger Distanz vu 1500 Liichtjoer vun eis ewech.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie