Hans-Erich Volkmann

Vu Wikipedia
Hans-Erich Volkmann
Gebuer 15. Mäerz 1938
Montabaur
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Militärhistoriker, Neizäithistoriker, Universitéitsprofesser, Historiker
Partei Sozialdemokratesch Partei vun Däitschland, CDU

Den Hans-Erich Volkmann, gebuer de 15. Mäerz 1938 zu Montabaur ass en däitschen Universitéitsprofesser an Historiker.[1]

Hien huet vun 1957 bis 1963 Germanistik, Geschicht, Osteuropäesch Geschicht, Philosophie a Pédagogie studéiert. 1963 huet hien op der Universitéit vu Mainz an dem Fach Osteuropäesch Geschicht promovéiert, an 1971 huet hien do an dem Fachberäich "Neuere und Neueste Geschichte" habilitéiert an ass zur gläicher Zäit Professer genannt ginn. Vun do u bis 1981 huet hien zu Mainz enseignéiert. Zanter 1981 ass hie Professer op der Universitéit vu Freiburg im Breisgau.

Vun 1971 bis 1994 huet den Hans-Erich Volkmann als Wëssenschaftler am MGFA (Militärgeschichtliches Forschungsamt) zu Freiburg geschafft. Nodeem d'MGFA am Laf vun 1994 op Potsdam geplënnert war, gouf den Hans-Erich Volkmann do als Direkter a Professer de Chef vun der "Abteilung Forschung" (1994 bis 2003).

D'Schwéierpunkte vu senger Fuerschung a sengem Enseignement sinn d'politesch an d'ekonomesch Geschicht vum Zäitalter vun de Weltkricher a vun der Bundesrepublik Däitschland.

Den Hans-Erich Volkmann huet eng ganz Rei vu wëssenschaftleche Publikatiounen opzeweisen. Aus lëtzebuergescher Siicht ass besonnesch interessant säi Buch Luxemburg im Zeichen des Hakenkreuzes, dat de 25. November 2010 an der Stad an der Villa Pauly offiziell virgestallt ginn ass.[2]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Die russische Emigration in Deutschland 1919-1929. Würzburg 1966 (Diss.)
  • Die deutsche Baltikumpolitik zwischen Brest-Litovsk und Compiègne. Köln, Wien 1970 (Habil.).
  • Wirtschaft im Dritten Reich. Eine Bibliographie. 2 Bänn. München 1980, Koblenz 1984.
  • Ursachen und Voraussetzungen des Zweiten Weltkrieges (Coauteuren: Wilhelm Deist, Manfred Messerschmid & Wolfram Wette). Fischer-Taschenbuch Nr.2480, Frankfurt/M. 1989.
  • Ökonomie und Expansion. Grundzüge der NS-Wirtschaftspolitik. München 2003.
  • Am Wegrand der Geschichte: Luxemburg unter deutscher Besatzung 1940 bis 1944. In: Militärgeschichte, Zeitschrift für historische Bildung, 2/2010, S. 8-11. PDF
  • Luxemburg im Zeichen des Hakenkreuzes. Eine politische Wirtschaftsgeschichte 1933 bis 1944. Paderborn, München, Wien, Zürich 2010.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Artikel baséiert op den Donnéeën, déi den Hans-Erich Volkmann op Ufro selwer geliwwert huet.
    Kuckt och: H.E. Volkmann: Ökonomie und Expansion: Grundzüge der NS-Wirtschaftspolitik. Oldenburg 2003, S. 443-444 (Zum Verfasser).[1]
  2. Tageblatt 2010, Nr. 277 (27./28. November), S. 21.
    Luxemburger Wort 2010, Nr. 277 (27. Nov.), S. 39.
    D'Ried, déi de Marc Gloden, Historiker am Centre de documentation et de recherche sur la Résistance, gehalen huet, ass an der Galerie 28(2010), Nr. 3, S. 323-331 ("Luxemburg im Zeichen des Hakenkreuzes") publizéiert ginn.
    Eng Rezensioun vum Buch ass an der Hémecht 1/2011 (S. 137-141) ze fannen.