Hans Schiebelhuth

Vu Wikipedia
Hans Schiebelhuth
Gebuer 11. Oktober 1895
Darmstadt
Gestuerwen 14. Januar 1944
Nationalitéit Däitscht Räich
Aktivitéit Iwwersetzer, Schrëftsteller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Hans Schiebelhuth, gebuer den 11. Oktober 1895 zu Darmstadt; † 1944 zu East Hampton an den USA) war en expressionisteschen däitsche Schrëftsteller an Dichter.

Hie war e perséinleche Frënd vum Carl Zuckmayer an hat och Verbindungen zum Krees ëm den Dichter Stefan George.

An Däitschland war den Hans Schiebelhuth besonnesch bekannt wéinst sengen Thomas Wolfe- Iwwersetzungen.

1947 krut hie posthum de Georg-Büchner Präis vum Joer 1945.

Seng Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Schalmei vom Schelmenried. Drei Gedichtzyklen, 1994, 94 S.
  • Wegstern

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Kritesch Wierkeditioun: Werke I/II Gedichte - Prosa - Briefe, erausgi vum Manfred Schlösser, 2 Bänn, 800 Säiten, Agora Verlag

De Fritz Usinger, selwer Büchnerpräisdréier vum Joer 1946, huet iwwer de Gedichtband "Wegstern" gesot: "Vum 'Wegstern' däerf ee wuel soen, datt et eent vun de schéinsten a räifste Gedichtbicher vun der Period vum Expressionismus ass".

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]