Harald Bohr
| Harald Bohr | |
|---|---|
|
den Harald Bohr (lénks) an den L. E. J. Brouwer | |
| Gebuertsnumm | Harald Augustus Bohr |
| Gebuer |
22. Abrëll 1887 Kopenhagen |
| Gestuerwen | 22. Januar 1951 |
| Nationalitéit | Dänemark |
| Educatioun | Universitéit vu Kopenhagen |
| Aktivitéit | Mathematiker, Foussballspiller, Pedagog, Universitéitsprofesser |
| Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
| Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1908 |
| Famill | |
| Papp | Christian Bohr |
| Geschwëster | Niels Henrik David Bohr |
|
| |
Den Harald August Bohr, gebuer den 22. Abrëll 1887 zu Kopenhagen, an do gestuerwen den 22. Januar 1951, war en dänesche Mathematiker a Foussballspiller.
Dem Harald Bohr seng Fuerschunge waren haaptsächlech an der Zuelentheorie an an der Analys (Mathematik). Zesumme mam Edmund Landau huet de Bohr d'Riemann ζ-Funktion studéiert, an 1914 de Bohr-Landau-Theorem opgestallt. Ee Joer drop gouf de Bohr Professer um Polytechnikum zu Kopenhagen. 1930 gouf en op d'Kopenhagener Universitéit beruff.
Den Harald Bohr war e begeeschterte Foussballspiller. Hien huet an der dänescher Nationalekipp gespillt, déi 1908 zu London op den Olympesche Spiller d'Sëlwermedail krut. Dänemark hat 0-2 géint Groussbitannien verluer.
Den Harald Bohr war de Brudder vum Physiker Niels Bohr.
