Harmonia

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech der mythologescher Figur Harmonia. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Harmonia (Homonymie).
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Harmonia war an der griichescher Mythologie d'Duechter vum Ares an der Aphrodite (enger anerer Versioun no vum Zeus an der Elektra).

Si war mam Kadmos bestuet a Mamm vum Polydoros, der Ino, der Autonoe, der Semele, vum Illyrios an der Agaue. Als Hochzäitscadeau krut si e wäertvolle Mantel (Peplos) a vum Hephaistos e Collier, dat sougenannt Halsband vun der Harmonia, dat all senge Besëtzer Ongléck bruecht huet.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.