Harpalyke (Mythologie)
Ausgesinn
![]() |
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Griichesch Mythologie kennt zwou Figure mam Numm Harpalyke:
- d'Duechter vum Harpalykos, dem Kinnek vun Thrakien. Si ass vun hirem Papp am Ëmgang mat Waffen erzu ginn, soudatt si als berüümt Jeeërin gegolt huet an och bei verschiddene Krichszich mat derbäi war. Wéi hire Papp no engem Opstand vun de Geten an d'Bëscher huet misse flüchten, huet d'Harpalyke hie sou laang mat dem Wëld wat si erluecht huet erniert, bis si vun anere Jeeër gefaange geholl an ëmbruecht ginn ass.
- D'Duechter vum Klymenos, dee si als Maitresse hat, obwuel e se mat engem anere Mann bestuet huet. Aus Rach huet d'Harpalyke hirem Papp e Kand wat aus hirer inzestuéiser Verbindung ervirgaangen ass z'iesse ginn (Thyestesiessen, dt. "Thyestesmahl"), wouropshin de Klymenos si ëmbruecht huet. En Deel vun der Iwwerliwwerung erzielt d'Harpalyke wier an eng Eil verwandelt ginn.
![]() |
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie. |