Harpo Marx

Vu Wikipedia
Harpo Marx
Gebuertsnumm Adolph Marx
Gebuer 23. November 1888
New York
Gestuerwen 28. September 1964
Los Angeles
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Pantomime, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Komiker
Member vun Marx Brothers
Famill
Bestuet mat Susan Fleming
Papp Sam Marx
Mamm Minnie Marx
Geschwëster Groucho Marx, Zeppo Marx, Chico Marx, Gummo Marx
Den Harpo Marx spillt Harf.

Den Adolph Arthur Marx, bekannt als Harpo Marx, gebuer den 23. November 1888 zu New York City a gestuerwen den 28. September 1964 zu Los Angeles, war en US-amerikaneschen Entertainer, Pantomime a Schauspiller. Zesumme mat senger Bridder Groucho, Chico, Zeppo a Gummo war hien ee vun de Marx Brothers, déi tëscht den 1920er an 1950er Joren am Vaudeville, um Broadway an am Kino grousse Succès haten.

Seng Roll bei de Marx Brothers war dee vun engem stommen, duerchdriwwene Personnage mat enger rouder Paréck, dee sech duerch Tuten a Päifen akkustesch verständlech gemaach huet, anescht mat Gesten a Mimik. Hien huet an de Filmer déi onméiglechst Saachen aus senger banneschter Mantelstäsch erausgezunn an hat ëmmer op d'mannst eng länger Zeen, an där en Harf gespillt huet.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Harpo Marx, Rowland Barber: Harpo speaks! Geis Associates, New York NY u. a. 1961 (Autobiographie).
  • Wayne Koestenbaum: The Anatomy of Harpo Marx. University of California Press, Berkeley CA u. a. 2012, ISBN 978-0-520-26901-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Harpo Marx – Biller, Videoen oder Audiodateien