Groucho Marx

Vu Wikipedia
Groucho Marx
am Joer 1931
Gebuertsnumm Julius Henry Marx
Gebuer 2. Oktober 1890
Manhattan
Gestuerwen 19. August 1977
Cedars-Sinai Medical Center
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Aktivitéit Komiker, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Radiosspeaker
Partei Demokratesch Partei
Member vun Marx Brothers
Famill
Bestuet mat Eden Hartford
Papp Sam Marx
Mamm Minnie Marx
Geschwëster Zeppo Marx, Harpo Marx, Chico Marx, Gummo Marx
Kanner Arthur Marx, Melinda Marx

De Groucho Marx, gebuer den 2. Oktober 1890 zu New York City als Julius Henry Marx a gestuerwen den 19. August 1977 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Schauspiller an Entertainer, deen als ee vun de Marx Brothers zu deene Komiker an englescher Sprooch mat weltwäit deem gréisste Succès gezielt gëtt.

No groussem Succès um Broadway hunn d'Marx-Bridder et och zu Hollywood gepackt, virun allem an den 1930er Joren eng ganz Rëtsch erfollegrâich Filmer ze dréinen. Hir Film- a Bünepersonnage waren ëmmer déi selwecht: Den Harpo war ee Stëmmchen, deen Harf gespillt huet an ëmmer nees déi onméiglechst Saachen aus sengem weide Mantel erausgezunn huet; den Chico war en Italieener mat engem stereotypeschen Accent an Temperament, an de Groucho huet en Här gespillt, dee mat opgemooltem Schnurres an Aperhoer an enger Zigar, ëmmer eng pointéiert Äntwert parat hat, a sech sou duerch Argumentéiere Virdeeler verschafe konnt, z. B. och fir sech, jee nodeem, un Dammen erunzemaachen oder se sech vum Leif ze halen.

An den 1930er an 1940er Joren huet de Groucho och beim Radio als Komiker a Presentateur vun enger eegener Show geschafft. Och an den 1950er Joren huet hie geleeëntlech bei der Quiz-Sendung You Bet Your Life als Presentateur gewierkt, ufanks um Radio, méi spéit op der Televisioun, woubäi et dodra manner ëm d'Froen, wéi ëm d'Improvisatioune ronderëm goung.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Beds. Farrar & Rinehart, New York NY 1930
  • mam Norman Krasna: Time for Elizabeth. A Comedy in three Acts. Dramatists Play Service, New York NY 1949, (Theaterstéck).
  • Groucho and Me. Geis Associates, New York NY 1959 (Autobiographie).
  • Memoirs of a mangy Lover. Manor Books, New York NY 1963.
  • The Groucho Letters. Letters from and to Groucho Marx. Simon and Schuster, New York NY 1967.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Charlotte Chandler: Groucho und seine Freunde. Rogner & Bernhard bei Zweitausendeins, Frankfurt am Main und München 1984, ISBN 3-8077-0200-8
  • Charlotte Chandler: Groucho. Der Chef der Marx-Brothers. Wilhelm Heyne Verlag, München 1988, ISBN 3-453-00815-4 (Hello, I must be going. Doubleday, New York City 1978)
  • Ulrich Hoppe: Die Marx Brothers. Heyne Filmbibliothek, 1985, ISBN 3-453-86077-2
  • Michael Schulte: Warum haben Sie nicht das Pferd geheiratet? Groucho Marx - Sein Leben. Piper, München 1990, ISBN 3-492-11279-X
  • Rainer Nolden: Die Marx Brothers. Rowohlt, Reinbek 2002, ISBN 3-499-50454-5

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Groucho Marx – Biller, Videoen oder Audiodateien