Harpo Marx
Harpo Marx | |
---|---|
Gebuertsnumm | Adolph Marx |
Gebuer |
23. November 1888 New York |
Gestuerwen |
28. September 1964 Los Angeles |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Pantomime, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Komiker |
Member vun | Marx Brothers |
Famill | |
Bestuet mat | Susan Fleming |
Papp | Sam Marx |
Mamm | Minnie Marx |
Geschwëster | Groucho Marx, Zeppo Marx, Chico Marx, Gummo Marx |
Den Adolph Arthur Marx, bekannt als Harpo Marx, gebuer den 23. November 1888 zu New York City a gestuerwen den 28. September 1964 zu Los Angeles, war en US-amerikaneschen Entertainer, Pantomime a Schauspiller. Zesumme mat senger Bridder Groucho, Chico, Zeppo a Gummo war hien ee vun de Marx Brothers, déi tëscht den 1920er an 1950er Joren am Vaudeville, um Broadway an am Kino grousse Succès haten.
Seng Roll bei de Marx Brothers war dee vun engem stommen, duerchdriwwene Personnage mat enger rouder Paréck, dee sech duerch Tuten a Päifen akkustesch verständlech gemaach huet, anescht mat Gesten a Mimik. Hien huet an de Filmer déi onméiglechst Saachen aus senger banneschter Mantelstäsch erausgezunn an hat ëmmer op d'mannst eng länger Zeen, an där en Harf gespillt huet.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1921: Humor Risk (verluer gaangen)
- 1925: Too Many Kisses
- 1929: The Cocoanuts - Regie: Robert Florey
- 1930: Animal Crackers - Regie: Victor Heerman
- 1931: Monkey Business - Regie: Norman Z. McLeod
- 1932: Horse Feathers - Regie: Norman Z. McLeod
- 1933: Duck Soup - Regie: Leo McCarey
- 1935: A Night at the Opera - Regie: Sam Wood
- 1935: La Fiesta de Santa Barbara (Kuerzfilm)
- 1937: A Day at the Races - Regie: Sam Wood
- 1938: Room Service - Regie: William A. Seiter
- 1939: At the Circus - Regie: Edward Buzzell
- 1939: Go West - Regie: Edward Buzell
- 1941: The Big Store - Regie: Charles Riesner
- 1941: A Night in Casablanca - Regie: Archie Mayo
- 1950: Love Happy - Regie: David Miller
- 1957: The Story of Mankind - Regie: Irwin Allen
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Harpo Marx, Rowland Barber: Harpo speaks! Geis Associates, New York NY u. a. 1961 (Autobiographie).
- Wayne Koestenbaum: The Anatomy of Harpo Marx. University of California Press, Berkeley CA u. a. 2012, ISBN 978-0-520-26901-9.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Harpo Marx – Biller, Videoen oder Audiodateien |