Haus

Vu Wikipedia

En Haus ass e Gebai, an deem Mënsche liewen oder schaffen, d. h. e Wunngebai oder e Büros- respektiv Geschäftsgebai.

Ëmgankssproochlech ass et also bal e Synonym fir de Begrëff Gebai, wat ee gutt um funktiounsongebonnenem Wuert Héichhaus gesäit, mä et géif awer gezéckt ginn e Fabriksgebai, e groussen Akafszentrum, e Spidol oder e Parkhaus (obwuel "-haus" dran ass) als Haus ze gesinn.

Als eegestännege Begrëff gëtt Haus effektiv virun allem fir e Gebai mat Wunnfunktioun gebraucht, wat vu rudimentären Hütten oder Baracke bis hin zu Héichhaiser mat enger Abberzuel Wunnenge goe kann. Am Sënn vum doheem ass de Begrëff och enk mam Stot verbonnen, an et war viraals mam Hausnumm alt souguer d'Haus wat d'Famill déi dra gewunnt huet charakteriséiert huet.

Haiser ënnerscheede sech no hirem Haustyp (z. B. Reienhaus, Méifamilljenhaus, Eefamilljenhaus), hirem Konstruktiounsmaterial (z. B. Holzhaus, Fachwierkhaus, Steenhaus, Zillenhaus, Betongshaus, Wellblechhaus) an dacks och no hirem Energiestandard (z. B. Passivhaus, Niddregenergiehaus).

Fotosalbum[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Haiser – Biller, Videoen oder Audiodateien