Holzhaus

Vu Wikipedia

En Holzhaus ass en Haus, dat haaptsächlech aus Holz gebaut gouf.

Et ënnerscheet ee virun allem:

  • d'Blockhaus mat massive geflitschten Holzdunnen déi openeeleien an op den Ecker anenee verzaapt sinn,
  • d'Holzhaus a Gespärbauweis, bei där d'Gespär vum Fëllement bis un den Daach geet,
  • d'Holzhaus an der Rummebauweis, bei där hëlze Rumme gebaut ginn, déi mat Gedämms gefëllt a gedillt ginn.

Viraals war Holz als Baumaterial ganz present, hautdesdaags sinn et an Europa virun allem Gaardenhaisercher an och vill Fäerdeghaiser déi nach aus Holz sinn. An den USA dogéint gëtt och elo nach a ville Géigende gär mat Holz gebaut.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Holzhaiser – Biller, Videoen oder Audiodateien