Diskussioun:Holzhaus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wou ass hei de Fachwierkbau déi bei ons dach wuel de bekanntsten ass. --Les Meloures (Diskussioun) 10:48, 12. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]

d'Holzhaus a Stännerbauweis, bei deer Stänner asw.... Am Lëtzebuergeschen ass de Stänner just als Blumme-, Käerze-, Luuchte-, Noute-, Prabblisstänner bekannt. Déi Lëtzebuergesch Zammermannssprooch huet kee sou en Ausdrock. Et ass iwwerhaapt onglécklech sou Ausdréck déi et just am Däitsche gëtt wëllen an d'Lëtzebuergescht ze transposéieren. Dat selwecht gëllt fir déi verschidden Type vu Buergen déi och nëmmen esou am Däitschen ze fanne sinn an déi een net op Lëtzebuergesch sou kann iwwersetzen, schonn aleng well mer och keng lëtzebuergesch Bezeechnunge fir déi verschidde Landformen hunn, déi géifen derzou passen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:49, 13. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]