Haus dat danzt
|
| |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Land | Tschechesch Republik |
| Gemeng |
Prager Neustadt, Praha 2 |
| Koordinaten | 50°4'32"N, 14°24'51"O |
| Donnéeë vum Gebai | |
| Architekt(en) | Vlado Milunić, Frank Gehry |
| Datum vum Bau | 1996 |
|
| |

D'Haus dat danzt (Tschechesch: Tančící dům) ass de Spëtznumm vun engem Bürosgebai am dekonstruktivistesche Stil zu Prag am historesche Quartier Neistad (Nové Mesto). Et gouf vum kroatesch-tschecheschen Architekt Vlado Milunić, zesumme mam US-Kanadier Frank Gehry, entworf.
D'Gebai steet um Rašín-Quai (Rašínovo nábřeží) laanscht d'Vltava, op der Plaz vun engem Haus, dat am Zweete Weltkrich zerstéiert gouf. D'Bauaarbechten hunn 1994 ugefaangen a waren 1996 fäerdeg. Et gehéiert der ING Grupp.
Wéi et gebaut gouf, war et wéinst senger radikaler Modernitéit kontroverséiert; ee vun deenen, déi em d'Partie gehalen hunn, war de Staatspresident Václav Havel, dee laang niewendru gewunnt hat.
Ursprénglech hat d'Gebai den Numm Ginger a Fred, no den Dänzer Ginger Rogers a Fred Astaire, well d'Gebai enger Koppel gläicht, déi danzt. Den aktuelle "Spëtznumm" dréckt dat och aus.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Dancing House – Biller, Videoen oder Audiodateien |
