Haute-Meuse

Vu Wikipedia

Haute-Meuse, net ze verwiessele mat Haute Meuse, ass den navigatiounstechneschen, administrativen an hydrographesche Begrëff fir dee 45 km laange belschen Deel vun der Meuse vun der Grenz mat Frankräich tëscht Givet an Heer bis op bei d'Schleis Andenne-Seilles. Op där Streck verléiert de Floss 26.66 Meter un Héicht. D'Schëffer iwwerwannen deen Niveausënnerscheed, mat Hëllef vun 13 Schleisen, wouvun d'Vebindungsschleis mat der Sambre mat agerechent ass. Déi klengst Schleisen hunn e Gabarit vun 100×12 Meter, wat den Dimensioune vun den eelste Schleise vun 1868 entsprécht.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Modernisatioun vun der Haute-Meuse.

Deen Deel vun de Meuse gëtt all dräi Joer fir ronn dräi Wochen eidellafe gelooss. Wärend där Zäit sinn d'Wiere vun de Staustufen all op, soudatt den niddregstméigleche Waasserstand erreecht gëtt. An där Zäit ginn déi noutwenneg Entretiensaarbechten un den Installatioune gemaach. Déi Period ass am September bis Oktober well an där Zäit d'Meuse de klengsten Offlosswäert huet. Fir de Floss eidel ze maache ginn d'Niveaue vun de Wierer een nom aneren all Stonn ëm 10 cm erof gesat, ugefaange bei dem ënneschte soudatt um Enn vun engem Dag de ganze Floss vun Namouer bis op Givet um niddregste Waasserstand ass. Well den Transport mam Schëff laang Ulafzäiten huet an eng Ersatzlogistik fir déi Zäit muss geplangt ginn, gëtt den Datum vum Eidelmaache schonn annerhalleft Joer virdrun iwwer en Avis de bâtellerie bekannt gemaach.

Op enger Streck vu ronn zwéi Kilometer ass d'Meuse tëscht Givet an Heer Grenzfloss tëscht den zwee Länner.

Am Annzuchsgebitt vu ronn 190.000 Hektar si follgend Nieweflëss déi wichtegst: de Bocq, d'Brouffe de Burnot d'Eau Blanche, d'Eau Noire, de Falvion, den Hermeton, d'Houille, d'Molignée, de Samson an de Virioin, wat am Ganzen iwwer 2.900 Flosskilometer representéiert, wouvun der 1.313 ënner Naturschutz stinn.

De sougenannte Contrat de Rivière Haute-Meuse (CRHM), ass en Aktiounsplang dee sech zanter 1996 fir den Ëmweltschutz am Dall vun der Haute-Meuse an an den Däller vun den Niewebaachen asetzt. Zanter 2010 hu sech nach dräi Gemengen aus dem Quellgebitt vun der Oise mat ugeschloss,