Heckefräsch (Zäitschrëft)

Vu Wikipedia
Den Heckefräsch, Dezember 2007

Den Heckefräsch ass eng Zäitschrëft, déi de Veräin « Les Amis des Aquario- et terrariophiles du Grand-Duché de Luxembourg » (AAT), och bekannt ënner dem Numm « AAT – Garten- und Teichfreunde Luxemburgs », erausginn huet.

Si dréit deen Numm zënter der Nummer 50 (Juni 1996). Virdrun huet si « AAT-Info » geheescht. Déi éischt Nummer vum AAT-Info ass am Mäerz 1983 als einfacht Informatiounsblat vum Veräin erauskomm. Am Laf vun der Zäit ass doraus eng « richteg » Zäitschrëft entstanen, déi nieft Interna vum Veräin och Informatiounen an Artikelen zu den Theemen Naturschutz, Uleeën an Ënnerhalt vu Weieren, Déieren a Planzen an de Weieren, Amphibien a Reptilien, ëffentlech Parken, allgemeng botanesch oder zoologesch Notizen asw. publizéiert huet.

D'Nummeren 1 bis 107/108 (Dezember 2010) (Stand Juli 2015) sinn op der Homepage vum Initiator vun der Publikatioun, dem Henri Regenwetter, als PDF ze fannen[1]. Déi Nummeren, déi feelen, sollen nach derbäikommen.

Déi lescht Nummer vum Heckefräsch, d'Nummer 117/118, ass am Joer 2015 erauskomm. D'Astelle vun der Publikatioun geet zeréck op eng Decisioun, déi de Kommitee vum Veräin a senger Sëtzung vum 12. November 2014 geholl huet. D'Ursaach war déi, datt de Veräin ëmmer manner Memberen hat, an deementspriechend manner aktiv Mataarbechter a manner Recetten, a seng Aktivitéiten a seng Depensë huet musse reduzéieren.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. AAT-Info / Heckefräsch 1983-2015.
  2. AAT quo vadis? AAT ganz am Ende? Editorial des Vostandes. Heckefräsch 117/118 (2015), S. 3-4.