Henri Regenwetter

Vu Wikipedia
Henri Regenwetter
Gebuer 1932

Den Henri Mathias Regenwetter, gebuer den 29. Juli 1932 zu Péiteng a gestuerwen de 16. August 2017[1], war e lëtzebuergeschen Naturschützer.

Den Henri Regenwetter huet vun 1955 bis zu senger Pensioun als Beamten an der Stolindustrie geschafft, fir d'éischt bei der HADIR an dono bei der ARBED respektiv Arcelor an ArcelorMittal.

Den Henri Regenwetter war zënter 1972 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois. Hie war e wëssenschaftleche Mataarbechter vum naturhistoresche Musée vun 1993 un. Hie war ee vun de Grënner, den 22. August 1972, vum Veräin Naturschutzveräin AAT – Garten- und Teichfreunde Luxemburgs, deem säi President hie vun 1972 bis 1999 war; hie war och Member vum Redaktiounskommitee vum AAT-Info respektiv dem Heckefräsch, wéi d'Organ vum Veräi vun 1996 u geheescht huet.

Fir seng Meriter am Intressi vum Natur- an Ëmweltschutz krut den Henri Regenwetter de 5. Januar 2001 de Präis Gëllene Regulus iwwerreecht.[2]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Molitor, M. & H. Regenwetter, 1980. Analyse hydrobiologique de l'étang «Steinrausch » à Dudelange. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 82 (1977), S. 30-34 [séance du 28 février 1977].
  • Hollmann, A. & H. Regenwetter, 1989. Park Tony Neuman. AAT – Garten- und Teichfreunde Luxemburgs, N° 23 (September 1989), S. 5-17 [1] ; N° 24 (Dezember 1989), S. 43-48 [2].
  • Regenwetter, H. (Bearb.), 1990. Naturplakette für den ökologisch wertvollen Garten- und Wohnbereich: praktische Ratschläge in Wort und Bild zur Anlage und Pflege eines ökologisch wertvollen Gartens / zusammengestellt von der Natura-Arbeitsgruppe Méi Natur ëm t'Haus ; Bearb.: Henri Regenwetter. Luxemburg: Natura, [1990], 1 Band, ouni Paginatioun.
  • Regenwetter, H., 1991. Massensterben in Teichen und Tümpeln. AAT – Garten- und Teichfreunde Luxemburgs, N° 30 (Juni 1991), S. 3-14. [3]
  • Regenwetter, H., 1998. 25 Jahre-Chronik der Vereinigung AAT – Garten- und Teichfreunde Luxemburgs, die sich dem Naturschutz verschrieben hat. Heckefräsch 58 (März 1998), S. 7-71. [4]
  • Regenwetter, H., 2000. Robert Thorn: das AAT-Mitglied erhält den Preis “Hëllef fir d'Natur”. Heckefräsch 65 (März 2000), S. 30-31. [5]
  • [Homepage und Autobiographie von Regenwetter Albert und Heng I von Zolver] / Henri Mathias Regenwetter, alias Heng I von Zolver ; Albert Henri Regenwetter. - [s.l.]: [s.n.], 2004. - 2 Bde. (211 + 221 S.] Kopie der Homepage http: // membres.lycos.fr/heng1/ mit bisher unveröffentlichten Gedichten und Prosastücken Albert Regenwetters und Werken Henri Regenwetters. [6]
  • Regenwetter, H., 2012. Hommage à Robert Thorn. Luxemburger Wort 2012, Nr. 295 (18. Dezember), S. 48.

Donieft huet den Henri Regenwetter d'Standardwierk « Der Wassergarten » (7. Oplo) vum Karl Wachter op Franséisch iwwersat: Karl Wachter: Le jardin aquatique, 8e édition revue et corrigée [traduction de l'allemand par Henri Regenwetter]. Les Éditions Eugen Ulmer, Paris 2001, 256 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce, Luxemburger Wort 2017-08-17, S. 32.
  2. Haus vun der Natur – Naturschutzzenter Lëtzebuerg. News Archiv 2001.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]