Hellege-Jousefs-Oratorium

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den "Oratoire Saint-Joseph du Mont-Royal" zu Montréal

Den Hellege-Jousefs-Oratorium ass eng réimesch-kathoulesch Basilika an der kanadescher Stad Montréal.

D'Kierch steet südwestlech vum Mont-Royal, dem Bierg, vun deem d'Stad hiren Numm hier huet, a si ass z'erreechen iwwer eng Trap mat 300 Träppleken. 1924 ass mam Bau ugefaange ginn, an eréischt 1954 war d'Gebai fäerdeg. Et faasst 10.000 Leit, dovu sinn 3.000 Sëtzplazen. Domat ass et eng vun de gréisste Kierchen iwwerhaapt an déi gréisst a Kanada. D'Architekte waren den Dalbé Viau an den Alphonse Venne.

D'Basilika huet eng Längt vun 105 Meter, ass 37 Meter breet an eng Héicht vun 129 Meter. Déi aachteckeg Kuppel huet e Bannenduerchmiesser vu 26 m an e baussenzege vun 39 m. D'Kuppelbannenhéicht ass 60m.

De Liftraum vun der Basilika

Fir de Bau ass haaptsächlech Granit verschafft ginn, a fir d'Kuppel Koffer.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hellege-Jousefs-Oratorium – Biller, Videoen oder Audiodateien