Hellege Rack vun Tréier

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hellege Rack)
Den hellege Rack, 2012.

Den hellege Rack vun Tréier ass eng Tunique, déi vun der Kathoulescher Kierch als eng Reliquie vu Christus veréiert gëtt.

Den Alter vum Kleedungsstéck, dat dacks am Laf vun der Geschicht rafistoléiert gouf, gouf 1974 ënnersicht mä konnt net eendeiteg festgeluecht ginn.

Der Traditioun no soll et sech ëm déi Tunique (oder ënneschte Rack) vum gekräizegte Jesus handelen, iwwer déi am Johannesevangelium (Jh. 19,23-24) steet, datt se ouni Nout gewiescht wier an dofir vun de réimeschen Zaldoten, déi sech d'Kleeder gedeelt hunn, ganz gelooss gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De franséische Modell.

Den hellege Rack vun Tréier daucht an de Quellen eng éischt Kéier am 12. Joerhonnert an der Gesta Treverorum op, wou steet, datt d'helleg Hëleen, d'Mamm vum Keeser Konstantin de Groussen, de Rack am 4. Joerhonnert mat op Tréier bruecht hätt.

Ursprénglech war en als Reliquie am Doum vun Tréier agemauert. 1512 gouf en op Uerder vum Keeser Maximilian eng éischt Kéier ausgestallt. Zanterhier gëtt et an onreegelméissegen Ofstänn gewisen. Am 18. Joerhonnert gouf eng extra Kapell opgeriicht, wou de Schräi mam Rack opgehaange gouf.

Gewise gouf en an de leschten 2 Joerhonnerten an de Joren 1844, 1891, 1933, 1959, 1996 an 2012. 2012 war dat am Kader vum 500. Anniversaire vun der éischter Kéier, wou en ausgestallt gouf, vum 13. Abrëll bis den 13. Mee.[1]

Och op anere Plaze gëtt et Reliquien, déi den Usproch hunn, dem Christus säin ënnescht Kleed ze sinn, sou z. B. zu Argenteuil an der Basilika Saint-Denys.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hellege Rack – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Heilig-Rock-Wallfahrt 2012, Bistum Trier Gearchiveerd op 2007-09-27. Gekuckt de(n) 2007-09-27.