Hellegen Nereus

Vu Wikipedia
D'Flavia Domitilla mat deenen zwéi Bekéierten.

Den Nereus war een nom griichesche Gott Nereus benannten Eunuch, deen ëm 304 zu Terracina an der Regioun Latium an Italien als Märtyrer gestuerwen ass.

Mam Hellegen Achilleus zesumme war hien Dénger vun der Flavia Domitilla, enger Niess vum réimesche Keeser Domotian, déi se allebéid zum chrëschtleche Glawe bekéiert hatt. Si sinn dunn op d'Insel Ponza verbannt an duerno zu Terracina gekäppt ginn.

Den Damasus I. bezeechent déi zwéin dogéint als Zaldoten, déi trei gedéngt hunn, dunn awer zum Chrëschtentum iwwergewiesselt sinn an du Märtyrer goufen.

Dem Nereus an dem Achilleus hir Griewer sollen an der Domitilla-Katakomb gewiescht sinn. Driwwer ass eng Basilika gebaut ginn déi no deenen zwéi benannt gouf an an där haut nach hir Reliquie solle sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]