Henri Heyart
Ausgesinn
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Henri Heyart | |
|---|---|
| Gebuer | 1911 |
| Gestuerwen | 2006 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Basketballspiller, Basketballtrainer |
|
| |
Den Henri Heyart, gebuer 1911, a gestuerwen 2006[1], war e lëtzebuergesche Basketballspiller[2] an -trainer.
Den Heyart war ee vun de Pionéier vum Basketball zu Lëtzebuerg.[1] Hien huet seng Basketballcarrière 1932 ugefaangen a war ee Spiller vum BBC Nitia Beetebuerg[3].
1946 war den Heyart am Kader vun der lëtzebuergescher Härebasketballnationalekipp, an huet fënnefmol fir d'Nationalekipp gespillt.[2] No der Retraite als Spiller huet den Heyart als den Trainer vun der Härebasketballnationalekipp geschafft[1].
Hie war ee vun de Grënner vun der Association des anciens du basketball luxembourgeois a.s.b.l.. Hie gouf heiansdo als "Monsieur Basket luxembourgeois" an de "Père du basketball luxembourgeois" ernimmt[3].
