Op den Inhalt sprangen

Henri Scharry

Vu Wikipedia
Henri Scharry
Gebuer 10. Dezember 1904
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 4. Februar 1954
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Golkipp
Veräin/Ekipp Jeunesse Esch
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1928

Den Henri Scharry, gebuer den 10. Dezember 1904 zu Esch-Uelzecht, an do gestuerwen de 4. Februar 1954, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]

Hie war vun 1924 bis 1929 Golkipp bei der Jeunesse Esch an huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam matvertrueden.[2]

Tëscht dem 11. November 1924 am 4. November 1928 huet den Henri Scharry och 9-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Den Henri Scharry op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Den Henri Scharry op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Archivéiert de(n) 11.02.2012. Gekuckt de(n) 01.06.2011.
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Henri Scharry op der Websäit vun European Football