Himawari 8

Vu Wikipedia
Himawari 8
De Fuerschungssatellit Swift
Typ Wiedersatellit
Land Japan
Agentur Jaxa
Bunnhéicht 35.800 km
Mass 3500 kg
Gréisst 8 m laang
Start 7. Oktober 2014 um 5:16 UTC
Startplaz Tanegashima
Drorakéit H-2A 202
Status aktiv

Den Himawari 8 (Sonneblumm 8) ass e Wiedersatellit vun der japanescher Meteorologieagentur. Et ass den aachte geostationäre Wiedersatellit vu Japan an den éischte vun enger neier Baurei. Hie soll den Himawari 7 ersetzen, deen zanter 2006 am Déngscht ass.[1]

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

De Satellit gouf de 7. Oktober 2014 um 5:16 UTC mat enger H-2A-Drorakéit vun der Ramp 1 vum Yoshinobu-Startkomplex am japaneschen Tanegashima Space Center an eng geostationär Ëmlafbunn (140° Ost) bruecht.[1]

Den dräiachsestabiliséierte Satellit soll Wiederdate liwweren an ass mat dräi Instrumentkomplexer ausgerëscht. Den Advanced Himawari Imager (AHI) ass d'Haaptinstrument vun der Raumsond. Et ass eng Multispektralkamera mat 16 Kanäl (0,46 .. 13,3 µm) , déi am Beräich vum visuelle Liicht an am Infraroutberäich Iwwersiichts- an Detailfotoe liwwere soll. D'Biller erreechen eng Opléisung vu bis zu 500 Meter a liwweren op de verschiddene Spektralberäicher Donnéeën iwwer d'Populatioun, Temperatur, Wand, Nidderschlag an Aerosolverdeelung. De Space Environment Data Acquisition Monitor (SEDA) soll Daten iwwer Protonen an Elektronen am Weltraum sammelen. Den Data Collection Subsystem (DCS) ass d'Kommunikatiounsnotzlaascht.E sammelt a leet d'Donnéeën op d'Buedemwiederstatiounen iwwer d'Ka-Band weider.[2]

De Satellit gouf op Basis vum Satellittebus DS 2000 vun Mitsubishi Electric gebaut an huet eng geplangt Liewensdauer vun 8 Joer.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 der-orion.com: Himawari 8 im Orbit, gekuckt de 24. Oktober 2014
  2. NASASpaceFlight.com: Japan lofts Himawari 8 weather satellite via H-IIA rocket, gekuckt de 24. Oktober 2014
  3. jma: Himawari 8/9, gekuckt de 24. Oktober 2014