Op den Inhalt sprangen

Satellittebus

Vu Wikipedia

Als Satellittebus, Satellitteplattform oder Service-Modul bezeechent een d'Versuergungseenheet vun engem Satellit oder enger Raumsond, déi de Betrib vun der tatsächlecher Notzlaascht erméiglecht (par Analogie zum Raumschëff). Dobäi bleift de Satellittebus gréisstendeels d'selwecht a gëtt nëmmen un d'entspriechend Notzlaascht ugepasst, wouduerch d'Entwécklungskäschten deementspriechend falen. Besonnesch heefeg gi se fir Kommunikatiounssatellitten agesat, wougéint Fuerschungssatellitten éischter Spezialkonstruktioune sinn.

Bus an Notzlaaschtmodul vun engem Noriichtesatellit

E Satellittebus besteet aus der mechanescher Grondstruktur als Droelement fir déi verschidde Subsystemer. Dat gëtt bei der Entwécklung fir d'éischt festgeluecht a bestëmmt déi spéider Konfiguratioun vum Satellittebus an domat déi vum op dem Bus opgebaute Satellit. Si hëlt déi statesch an dynamesch Laaschte beim Start a Betrib vum Satellit op an ass och fir d'Schwéngungs- an d'Resonanzverhale vum Satellittebus an a graffen Zich fir dat thermaalt Verhale verantwortlech. An déi Primärstruktur ginn dann d'Subsystemer integréiert, wéi Energieversuergung (Solarzellen, Akkumulatoren), d'Temperaturkontrollsystem, d'Undriffssystem fir d'Lag- a Positiounsreegelung (Bunnreegelung) an de Bordrechesystem fir Steierung an Datenmanagement. Bei bemannte Satellitte kënnt nach de Liewenserhalungssystem dobäi.

Technesch Date vu verschiddene Plattformen

[änneren | Quelltext änneren]

Déi bekanntst Ubidder fir Satellitteplattforme si Boeing, Space Systems/Loral, Thales Alenia Space an EADS Astrium. Si ënnerscheeden sech ausser an hirer Gréisst, Leeschtung a Präis virun allem an hirer Liewensdauer an an hiren Ausriichtungen op speziell Aufgaben.

UbidderBezeechnungNotzlaaschtTotal MassElektresch
Leeschtung
AsazgebittLiewensdauer JoerAsaz
Bemierkungen
BoeingBoeing 376 (BSS oder HP)ongef. 24 Transponder1 bis 1,75 t0,8 kW
2,0 kW
GEOongef. 10Verschidde Solarzellentyppen, Spinstabiliséiert[1]
BoeingBoeing 601 (BSS oder HP)bis 48 (LS) oder 60 (HP) Transponder2,5 bis 4,5 t4,8 kW
10 kW (HP)
GEO/MEOongef. 15GaAs Solarzellen, optional Ionenundriff
BoeingBoeing 7024,5 – 6,5 t7-18 kWGEOongef. 15GeAs Solarzellen, Ionenundriff am GEO
BoeingBoeing 702 MP5,8 – 6,16 t13,6-18 kWGEOongef. 15GeAs Solarzellen, Ionenundriff am GEO
BoeingBoeing 702 SPca. 1,8 t3-8 kWGEOetwa 15GeAs Solarzellen, nëmme Ionenundriff
SS/LLS 13005-15 kWGEO15?SpainSAT
SS/LLS 400?450 kg1,1 kWGEO7
Orbital ScienceSTAR Bus200 .. 500 kg5 kWGEO15Intelsat 16
OHB TechnologySmallGEO[2]300 kg3 kWGEO15elektreschen Undriff
TASSpacebus 3000GEO
TASSpacebus 40003,0 – 5,9 tbis 15,8 kW (bis 11,6 kW Notzlaascht)GEO15
AstriumEurostar E2000+550 kg3,4 t4-7 kWGEO12
AstriumEurostar E30004,8 – 6,0 t12 kWGEO15optional elektreschen Undriff
TAS+AstriumAlphabusmax. 2 tmax. 8,8 tmax. 22 kWGEO15cheemeschen an elektreschen Undriff[3]
AstriumFlexibusLEO
AstriumGammabus300 kg1,8 kWLEO
Astrium-SASPleiades300 kg?600 kg1,4 kWLEO7
TASProteus[4][5]500 kg0,5 kWLEO5Jason, CALIPSO, SMOS
Astrium-SAS/CNESMyriade[6]80 kg0,06 kWLEO2SPIRALE, Picard
Astro- und FeinwerktechnikTET50 kg120 kg0,07 kW
bis 0,16 kW (Notzlaascht, kuerzzäiteg)
LEOongef. 10Technologieerprouft
Lockheed MartinA21002,8 bis 6,6 t1-15 kWGEO15USA 207
ISS ReshetnevEkspress-10000,75 bis 1,6 t? kWGEO10 bis 15Lutsch 5A, B[7][8][9]
CASTDFH-4max. 488 kg5 bis 5,2 t10,5 kWGEO15Paksat 1R[10][11]
Mitsubishi ElectricDS-20005 bis 5,2 t10,5 kWGEO15Türksat 4A[12][13]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Hughes / Boeing: HS-376 / BSS-376 (Gunter's Space Page)
  2. DLR - SmallGEO-Plattform Archivéiert de 17.11.2015. Gekuckt de 06.12.2014.
  3. Archive copy Archivéiert de 04.08.2012. Gekuckt de 06.12.2014.
  4. Proteus op Gunters Space Page
  5. Proteus bei CNES Archivéiert den 10.10.2011. Gekuckt de 06.12.2014.
  6. CNES: Myriade
  7. http://space.skyrocket.de/doc_sat/npopm_ekspress-1000.htm
  8. http://space.skyrocket.de/doc_sdat/luch-5a.htm
  9. http://space.skyrocket.de/doc_sdat/amos-5.htm
  10. http://space.skyrocket.de/doc_sat/ch__dfh-4.htm
  11. http://space.skyrocket.de/doc_sdat/paksat-1r.htm
  12. http://space.skyrocket.de/doc_sat/melco_ds-2000.htm
  13. http://space.skyrocket.de/doc_sdat/turksat-4a.htm