CALIPSO
| CALIPSO | |
|---|---|
| Typ | Äerdobservatiounssatellit |
| Land | |
| Agentur | NASA / CNES |
| COSPAR-Bezeechnung | 2006-016A |
| Apogeum | 703 km |
| Perigeum | 701 km |
| Bunnschréi | 57,0° |
| Mass | 587 kg |
| Bunn-Ëmlafzäit | 98,5 min |
| Exzentrizitéit | |
| Start | 28. Abrëll 2006, 10:02 UTC |
| Startplaz | Vandenberg SLC-2W |
| Drorakéit | Delta 7420-10C D314 |
| Status | am Orbit |
De CALIPSO (Cloud-Aerosol Lidar and Infrared Pathfinder Satellite Observations) ass en amerikanesch-franséischen Äerdobservatiounssatellit vun der NASA an dem CNES. De CALIPSO erfuerscht d'Aflëss vu Wolleken an Aerosolen op d'Wieder an d'Loftqualitéit op der Äerd. E gehéiert zum Fuerschungsprogramm EOS, deen eng Rei vun Ëmweltsatellitte bedreift.
Missioun
[änneren | Quelltext änneren]De CALIPSO schafft op enger 700 km héijer, sonnesynchroner Ëmlafbunn a flitt mam Satellit CloudSat, deen och d'Wolleke studéiert, souwéi nach véier aner Ëmweltsatellitten (Aura, Aqua, PARASOL an OCO-2) a Formatioun. Déi sechs Satellitte bilden zesummen den A-Train.
De CALIPSO gouf no siwe Startversich den 28. Abrëll 2006 gestart. De Satellit war fir eng Missiounsdauer vun dräi Joer ausgeluecht, d'Benotzung gouf awer verlängert.
Instrumenter
[änneren | Quelltext änneren]Cloud-Aerosol Lidar with Orthogonal Polarization (CALIOP)
- CALIOP stellt mat Hëllef vun engem Laser héichopgeléist vertikal Profiller vu Wolleke hir. Dobäi gëtt mat verschiddene Wellelängten an engem Empfängerteleskop (1 Meter Duerchmiesser) geschafft.
Imaging Infrared Radiometer (IIR)
- Dee System schafft am Infraroutberäich mat Wellelängten tëscht 8 an 12 µm. Dobäi gëtt all Kéier de selwechte Bilddetail observéiert deen de CALIOP grad analyséiert.
Wide Field Camera (WFC)
- Déi Kamera ass virun allem am Beräich vu 645 nm Wellelängt empfindlech a mécht Biller vun der Äerduewerfläch.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: CALIPSO – Biller, Videoen oder Audiodateien |
