Earth Observing System
Ausgesinn
Den Earth Observing System (engl. fir Äerdobservatiounssystem), kuerz EOS, ass e Fuerschungsprogramm vun der NASA, zu deem eng Rei kënschtlech Satellitten mat wëssenschaftlechen Instrumenter am Äerdorbit gehéieren. Déi Äerdobservatiounssatellitten erméigleche laangfristeg Nofuerschunge vun der Landuewerfläch, der Biosphär, der Atmosphär an den Ozeanen. De Programm gouf 1997 gestart an ass en Deel vum NASA-Projet Earth Science Enterprise.
Lëscht vun de Missiounen an de Startdatumen
[änneren | Quelltext änneren]- SeaWiFS – 1. August 1997 (Sea-viewing Wide Field-of-view Sensor)
- TRMM – 27. November 1997 (Tropical Rainfall Measuring Mission)
- Landsat 7 – 15. Abrëll 1999
- QuikSCAT – 19. Juni 1999 (Quick Scatterometer)
- Terra – 18. Dezember 1999
- ACRIMSat – 20. Dezember 1999 (Active Cavity Radiometer Irradiance Monitors)
- NMP/EO-1 – 21. November 2000 (New Millennium Program/Earth Observing-1)
- Jason-1 – 7. Dezember 2001
- Sage III/ METEOR 3M – 10. Dezember 2001 (Stratospheric Aerosol and Gas Experiment)
- GRACE – 17. Mäerz 2002 (Gravity Recovery and Climate Experiment)
- Aqua – 4. Mee 2002
- ADEOS II/Midori II – 12. Dezember 2002 (Advanced Earth Observing Satellit)
- ICESat – 12. Januar 2003 (Ice, Cloud and Land Elevation Satellite)
- SORCE – 25. Januar 2003 (Solar Radiation and Climate Experiment)
- Aura – 15. Juli 2004
- CloudSat – 28. Abrëll 2006
- CALIPSO – 28. Abrëll 2006 (Cloud-Aerosol Lidar and Infrared Pathfinder Satellite Observations)
- OSTM (Jason–2) – 20. Juni 2008 (Ocean Surface Topography Mission)
- OCO – 24. Februar 2009, Ofstuerz an d'Mier, no Feeler bei Oftrennung vun der Notzlaaschtverkleedung (Orbiting Carbon Observatory)
- Glory – 4. Mäerz 2011, Ofstuerz an d'Mier, no Feeler bei der Oftrennung vun der Notzlaaschtverkleedung
- Aquarius – 2010
- NPOESS Preparatory Project (NPP) – September 2011 (National Polar-orbiting Operational Environmental Satellite System Preparatory Project)
- GPM – 2013 (Global Precipitation Measurement)
- LDCM – 2011 (Landsat Data Continuity Mission)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Earth Explorer Missions ESA-Programm
- Lëscht vun Äerdobservatiounssatellitten
- Ëmweltsatellit
- Wiedersatellit
- Satellittemeteorologie
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Programm Earth Observing System – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) http://eospso.gsfc.nasa.gov/ – Websäit vum Earth Observing Systems
- (en) https://web.archive.org/web/20061222035058/http://www.earth.nasa.gov/ – Websäit vum Earth Science Enterprise
- (en) Websäit vum NASA Earth Observatory