Op den Inhalt sprangen

Aura (Satellit)

Vu Wikipedia
Aura
De Fuerschungssatellit Aura
TypFuerschungssatellit
Land USA
AgenturNASA
COSPAR-Bezeechnung2004-026A
Apogeum710 km
Perigeum709 km
Bunnschréi98,11°
Mass2967 kg
Bunn-Ëmlafzäit98,83 min
Exzentrizitéit-
Gréisst4,70 m × 17,37 m × 6,91 m
Start15. Juli 2004, 10:02 UTC
StartplazVandenberg Air Force Base, SLC-2W
DrorakéitDelta 2 7920-10L
Statusam Orbit

Aura ass den Numm vun engem Äerdobservatiounssatellit vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA. E gouf de 15. Juli 2004 mat enger Rakéit vum Typ Delta 2 gestart. De Satellit Aura ass an engem sonnesynchronen Orbit mat enger Inklinatioun vun 98,2° an zirka 700 km Héicht. Déi sechs Satellitten Aura, Aqua, CloudSat, PARASOL, CALIPSO an OCO-2 (OCO-1 gouf no engem Echec ersat) bilden zesummen den A-Train.

Haaptziler vun der Missioun sinn d'Observatioun vun der Ozonschicht, d'Observatioun vun der Loftqualitéit (buedemnot Ozon, Stéckstoffdioxid, Aerosolen) an dem Klimawiessel. De Satellit huet mat der routineméisseger Sammlung vun Daten, no enger Kalibréierungsphas, de 14. Oktober 2004 mat schaffen ugefaange.

De Satellit huet véier Instrumenter u Bord:

Portal Astronomie