A-Train

Vu Wikipedia
Satellitten am A-Train

A-Train bezeechent eng Flott vu Raumfluchkierperen, déi aus sechs Satellitte besteet.

Et handelt sech ëm d'Satellitten Aqua, Aura, CloudSat, PARASOL, CALIPSO an OCO 2. Déi sechs Satellitte fléien an enger kollektiver niddreger Äerdëmlafbunn op enger Héicht vu 705 Kilometer bei der Inklinatioun vun 98 Grad. Zesumme stellen déi deelweis änlech wëssenschaftlech Instrumenter en Iwwersiichtsbild vum Wieder a globale Klima op. D'Date vun de Satellitten ergänze sech, well s'all dat selwecht Gebitt mat nëmme wéinege Minutten Zäitënnerscheed iwwerfléien a sou verschidde Miessunge vun der selwechter Wieder- an Ëmweltsituatioun erméiglechen.

Den Numm A-Train staamt vum Jazz-Titel Take the “A” Train, deen eng Faart op der A-Linn vum New Yorker Metro dem sougenannten Eighth Avenue Express als Theema huet. D'Satellittegrupp krut d'Bezeechnung, well d'Satellitte wéi Waggone vun engem Zuch hannereneen op der selwechter Bunn fléien.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]