Op den Inhalt sprangen

Hockenheimring Baden-Württemberg

Vu Wikipedia

Den Hockenheimring Baden-Württemberg (fréier Hockenheimring, resp. Kurpfalzring) ass e Motorsport-Circuit zu Hockenheim a Baden-Württemberg.

De Circuit

De Circuit gouf 1932 ugeluecht. E war dunn 12 km laang an hat eng dräieckeg Form; de Parcours war net macadamiséiert. E gouf deemools als Testcircuit vu Mercedes-Benz gebraucht. Bei der Ouverturescourse am Mee 1932 koume 45.000 Leit kucken. 1938 gouf en op 7,69 km verkierzt, a bis 1947 housch e Kurpfalzring. An där Zäit goufen och Motoe vun NSU getest.

Duerch de Bau vun der Autobunn A6 gouf de Circuit an zwee geschnidden. E gouf doropshin op 6,789 km gekierzt. Et gouf och eng extra kuerz Bunn vu just 2,638 km fir d'Formel-1-Weltmeeschterschaft ugeluecht. De 7. Abrëll 1968 koum de Formel-1-Weltmeeschter Jim Clark ëm d'Liewen, wéi säi Formel-2-Won an e Bam gerannt ass. Doropshi goufe Maueren aus Pneuen a Schikanen installéiert. Eng Schikan gouf nom Jim Clark genannt. Wärend där Period war et e Circuit fir héich Vitessen; zesumme mat Monza war do eng vun de séierste Formel-1-Courssen am Kalenner.

2002 gouf eng Dragrace-Bunn ugeluecht an eng nei Tribün gebaut.[1] De ganze Circuit gouf nei ugeluecht a krut seng aktuell Form (Stand 2024). De Projet gouf vum Hermann Tilke realiséiert an huet 62 Milliounen Euro kascht. Als Garant vum Finanzement gouf d'Bundesland Baden-Württemberg an den offiziellen Numm vum Circuit, Hockenheimring Baden-Württemberg, opgeholl.

Déi nei Pist ass 4,574 km laang. Se war ëmgebaut gi fir de Formel-1-Autoe méi Méiglechkeeten ze gi fir z'iwwerhuelen an och fir d'Vitesse erofzesetzen.

Evolutioun vum Circuit

[änneren | Quelltext änneren]
Den Hockenheimring vun der "Südkurve" aus. Lénkerhand déi laang, riicht Streck, riets D'Dragrace-Pist.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Hockenheimring history op motorsport.com (nogekuckt 23.07.2018) (Archiv).

Quell: Dësen Artikel gouf ugeluecht gréisstendeels als eng Iwwersetzung vun nl:Hockenheimring Baden-Württemberg op der hollänneschsproocheger Wikipedia an der Versioun vum 31.10.2022; (Auteuren).