Holstenpaart-Hal

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Holstenpaart-Hal

D'Holstenpaart-Hal ass eng fréier Ausstellungshal an der Hansestad Lübeck a Schleswig-Holstein, déi ënner Denkmalschutz steet. Vun 2007 un gëtt d'Hal als Proufsall vun der Musikhochschule Lübeck benotzt.

Geschicht vun der Hal[änneren | Quelltext änneren]

1913 huet de Lübecker Senator a Geschäftsmann Emil Possehl senger Heemechtsstad 800.000 Mark geschenkt. Déi ware geduecht, fir e Vollekshaus opzeriichten, an zwar an der direkter Noperschaft vum der Holsten-Paart, dem Symbol vun der Stad, an de Salzspäicheren. Et sollt Kaiser-Wilhelm-Volkshaus heeschen. Wéinst dem Éischte Weltkrich koum et eréischt an den zwanzeger Joren zum Bau.
D'Pläng ware vum Architekt a Lübecker Oberbaurat Friedrich Wilhelm Virck. Et sollt eng Zillenhal gi mat Spëtzboudaach, dee vun Holzbinder gedroe gëtt. Ageweit gouf d'Hal am September 1926, dee Mount, an deem déi Lübecker 700-Joer-Räichsfräiheet gefeiert gouf.

Duebeladleren iwwer den Dieren