Hydrauleschen Turnéckel

Vu Wikipedia

En hydrauleschen Turnéckel ass eng Zort Turnéckel, dee mat Waasserkraaft funktionéiert.

Et ass eng einfach Konstruktioun, déi an der Physik gebraucht gëtt fir de Säitendrock vum Waasser ze beweisen an z'erklären.

E besteet aus enger gliesener Bir, déi op der Kopp steet an uewen un engem klenge Gaalge festgemaach ass, soudatt dat Ganzt ëm eng vertikal Achs kann dréinen. Ënnen un der Bir sinn zwéi kleng Réier an engem Wénkel vun 90° zur Achs festgemaach, duerch déi d'Waasser erauslafe kann. Déi Réier sinn un hirem Enn erëm 90° an der Horizontaler verwënscht. Duerch d'Waasser, dat erausleeft, entsteet en Drock deen d'Réier an eng Rotatiounsbeweegung versetzt, an zwar am entgéigegesate Sënn vum Waasserauslaf. Ënner deem Ganzen ass en zylindresche Behälter fir d'Waasser opzefänken. Et ass souzesoen eng primitiv Turbinn.

Am Praktesche fënnt ee Konstruktiounen, déi op deem Prinzip baséieren, alt emol bei Apparate fir de Wues ze nätzen.