IC 1295

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Planetareschen Niwwel
IC 1295
ESO's VLT images the planetary nebula IC 1295.jpg
Foto opgeholl mam Very Large Telescope an dem FORS1-Instrument.
Stärebild Scutum (Sct)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 18h 54m 37,206s
Deklinatioun - 08° 49’ 39,08"
Ausgesinn
Visuell Magnitude +12,7m mag
Wénkelduerchmiesser 1,7' × 1,4'
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 3.600
Geschicht
Entdecker Truman Henry Safford
Entdeckungsdatum 28. August 1867
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
IC 1295
PK 25-4,2

Den IC 1295 ass e Planetareschen Niwwel am Stärebild Scutum. Hie läit ronn 3.600 Liichtjoer vun eis ewech.

Op der Foto vum VLT gesäit een, datt de Stärerescht vun en etleche Blosen ëmkreest ass. Déi Blose bestinn aus Gas, deen ufanks d'Atmosphär vum Stär gebilt huet an vum onreegelméissege Stärewand an den Raum ronderëm geblose gëtt. D'Gasblose gi vun der staarker ultravioletter Stralung vum zentrale Stär (et kann hien als helle blo-wäisse Punkt an der Mëtt vum Niwwel erkennen) ugereegt an doduerch un d'Liichte bruecht. Verschidde chemesch Elementer stralen an ënnerschiddleche Faarwen; de grénge Faarftoun am IC 1295, staammt vum ioniséierte Sauerstoff.[1]

De planetareschen Niwwel IC 1295 gouf den 28. August 1867 vum amerikaneschen Astronom Truman Henry Safford entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.eso.org/public/germany/news/eso1317/