IC 1318
Ausgesinn
| Date vum IC 1318 | |
|---|---|
| Stärebild | Cygnus (Cyg) |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Rektaszensioun | 20h 22m 16,3s |
| Deklinatioun | + 40° 15′ 14″ |
| Ausgesinn | |
| Hubble-Typ | |
| Visuell Magnitude | ? |
| Wénkelduerchmiesser | 240' |
Den IC 1318, oder γ-Cygni-Niwwel (Gamma-Cygni-Niwwel) oder Päiperleksniwwel genannt, ass en Emissiounsniwwel an och en H-II-Gebitt am Stärebild Cygnus. Den Niwwel ass zirka 4 900 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech an huet eng Gréisst vun 100 Liichtjoer. Am Zentrum vum Niwwel läit de Stär Sadr, mat enger Distanz vu 1 500 Liichtjoer. Den IC 1318 gëtt an dräi Deeler, den IC 1318 A, den IC 1318 B an den IC 1318 C agedeelt, déi sech och vuneneen ënnerscheeden. Den IC 1318 B an den IC 1318 C gi vum 20 Liichtjoer breeden Donkelniwwel LDN 889 getrennt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: IC 1318 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
