IC 418

Vu Wikipedia
IC 418 (Falschfarwebild)
Rout = ioniséierte Stéckstoff (ganz kale Gas))
Gréng = Waasserstoff;
Blo = ioniséierte Sauerstoff (ganz waarme Gas)

Den IC 418 ass ee planetareschen Niwwel an der Mëllechstrooss, dee ronn 2000 Liichtjoer vun eis ewech ass. Säin Duerchmiesser ass 0,3 Liichtjoer.

Deen anere gebräichlechen Numm „Spirographniwwel“ (englesch Spirograph Nebula) kënnt dohier well en déi selwecht Faarfmusteren huet, wéi déi, déi de Spirograph mécht. Dëse Phenomeen ass nach net verstanen.

Ënnersich weisen, datt den haitegen Zentralstär virun e puer Millioune Joren e Stär wéi eis Sonn war.

Virun e puer dausend Joer ass den nukleare Brennstoff zu Enn gaangen, an de Stär huet sech zu engem roude Ris entwéckelt, dee schliisslech ausgebrannt ass a säi baussenzege Mantel ofgestouss huet.

Als Rescht ass e Wäissen Zwerg bliwwen, deem säin ultraviolett Liicht d'Atomer vum Niwwel ugereegt an un d'Liichte bréngt.

Den Niwwel gouf am Joer 1891 vum Williamina Fleming entdeckt.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]