Op den Inhalt sprangen

Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) ISERP)
Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques
Typ Institut
Land Lëtzebuerg

Den Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques (ISERP) war eng Lëtzebuerger Héichschoul zu Walfer déi duerch d'Gesetz vum 6. September 1983 an d'Liewe geruff gouf. Den ISERP huet den Institut pédagogique ersat, dee mam Gesetz vum 7. Juli 1958 gegrënnt gi war.[1]

Mam Gesetz vum 12. August 2003 ass d'Universitéit Lëtzebuerg geschaf ginn. Am Oktober 2003, ass den CEP (Certificat d'études pédagogiques), den Diplom deen um ISERP ausgestallt gouf, vun der Faculté des lettres, des sciences humaines, des arts et des sciences de l'éducation vun der Universitéit Lëtzebuerg iwwerholl ginn.

D'Universitéit huet an enger Tëschephas den CEP weider ugebueden, fir dunn am September 2005 den CEP mam BScE z'ersetzen.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Loi du 7 juillet 1958 portant... création d'un Institut pédagogique, publizéiert am Mémorial Nr. 40 vum 22. Juli 1958, Ss 1026 - 1028