Institut supérieur de technologie

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) IST)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Institut supérieur de technologie, kuerz IST, war eng lëtzebuergesch ëffentlech Héichschoul an der Stad Lëtzebuerg.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1916 goufen d'Cours Techniques Supérieurs mat enger Dauer vu 4 Semesteren als éischt lëtzebuergescht technescht Héichschoulstudium fir d'Absolvente vun der Handwierkerschoul (École d'Artisans") agefouert.

Virum Zweete Weltkrich sinn d'Studien 1935 op sechs Semester an en zousätzlecht Joer Stage ausgebaut ginn. An deem Joer koum et dunn zu der Grënnung vun der Associatioun vun den Absolvente vun de Cours Techniques Supérieurs.

Am Joer 1938 war e Gesetzprojet deposéiert ginn, deen d'Cours Techniques Supérieurs sollt consolidéieren. Duerch den Zweete Weltkrich bedéngt sinn d'Aarbechten dorun awer ofgebrach ginn.

Am Krich vun 1942 bis 1944 ass aus de Cours Techniques Supérieurs d'"Ingenieurschule Esch-Alzig" ginn.

An de Joren 1945 bis 1947 huet d'Kommissioun fir d'Reform vun dem Cours Techniques Supérieurs proposéiert, fir en eegestännegt Etablissement an d'Liewen ze ruffen.

Et huet awer nach bis 1950 gedauert éier d'Regierung en éischte Gesetzprojet deposéiert huet fir d'Grënnung vun der "Ecole Technique à Luxembourg".

Vun 1950 bis 1970 gouf et Diskussiounen iwwer de Projet an Onstëmmegkeete wat den autonome Statut vum neien Etablissement ubelaangt huet an och iwwer den Titel deen d'Absolvente vun de Studie spéiderhi sollten droen.

Duerch Gesetz vum 3. August 1958 gouf en "Institut d'enseignement technique" geschaf. Dësen huet sech aus den zwou Schoulen, der École des arts et métiers an der École technique zesummegesat, dei domat eng gemeinsam Direktioun kruten. Et ass en zousätzlecht Preparatiounsjoer agefouert ginn éier ee konnt op der Ecole Technique studéieren. Duerch dëst zousätzlecht Joer gouf dann och den Titel Ingénieur technicien agefouert.

Et war am Joer 1963 wéi d'Ecole Technique eng eegestänneg Direktioun krut. D'Programmer sinn ugepasst ginn, d'Zuel vun de Studenten huet substanziell zougeholl an en Neibau ass noutwenneg ginn.

Am Joer 1971 goufen d'Admissiouns- an d'Promotiounsbestëmmungen ëmgeännert. Studente mat enger Première oder enger Treizième kruten eng Dispenz fir d'Preparatiounsjoer. Déi aner hu sech missen e "Certificat de Réussite" erschaffen. Et gouff e Passageexamen agefouert, en Ofschlossexamen an d'Konditioune vum Stage si festgeluecht ginn.

Den Institut supérieur de technologie (IST) gouf duerch Gesetz vum 21. Mee 1979 an d'Liewe geruff an huet d'École technique ersat.

Mat der Schafung vun der Uni Lëtzebuerg duerch Gesetz vum 12. August 2003, gouf den IST ofgeschaf. An enger Iwwergankszäit bis 2008 goufen d'Formatioune vum IST vun der Uni Lëtzebuerg iwwerholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]